![]() |
|
||||||||
|
|
Wëllkomm
op der Homepage vum LGS Grupp Gamma - de griichesche Buschtaf Gamma? Gamma - Strahlen déi sech nët liicht bremse loossen? De Scoutissem ass eppes wéi d'Gamma-Strahlen: e léisst sech nët bremsen, och nët duurch irgend eng Behënnerung. An dat dréckt am lëtzebuergesche Scoutissem/Guidissem dat Wuert "Gamma" aus, symboliséiert duurch de griichesche Buschtaf. 1968 gouf eng Meute Wëllef ënnert der Bezeechnung "Gamma 2 Pierre d'Aspelt" gegrënnt. Et handelt sech ëm geeschteg behënnert Jongen a Medercher aus der Schoul "rue Pierre d'Aspelt". Hir 1. Aktivitéit war e Weekend de 16.-17. November 1968. 1986 deelt sech Gamma Pierre d'Aspelt a Wëllef an Explorer. Seitdem as ët eis Aufgab, fir dene Kanner, denen hir Behënnerung eng Integratioun an engem valide Grupp nët méiglëch mecht, Scoutissem ze bidden. Informatiounen aus: Dossier GAMMA, erausgi vun der Gamma-Equipe 1987 Mir halen och drop, fir ze preciséiren, dass mir, wéi all Scouten, nët fir eis Aktivitéite bezuelt gin! |
|
|||||||